top of page
ADE_7073.jpg

Methode & Lösungen

 

D’BSPK-Method

 

BSPK geet vum Prinzip aus, datt eng Entreprise eng juristesch Persoun, mee virun allem eng Persoun ass, a féiert all eenzel Missioun ganz am Detail duerch.

D’Method, déi BSPK entwéckelt huet, fänkt mat enger präziser an detailléierter Diagnos vun de Bestanddeeler vun der Entreprise un, fir hir DNA ze identifizéieren an eraus ze zéien.

 

Dës innovativ a pragmatesch Method erlaabt et, Problemer opzedecken, d’Ursaachen ze sichen an d’Konsequenzen ze bestëmmen, fir duerno en effikassen Change-Management-Prozess auszeféieren.

 

 

D’BSPK-Léisungen

 

BSPK seng Léisunge sinn individuell un d’Realitéit vun all Aktivitéit an un de jeeweilege sozioekonomeschen Hannergrond ugepasst.

 

Ob et sech ëm eng Entreprise handelt, déi a Schwieregkeete geroden ass, déi um Wuessen ass, oder déi verkaaft gëtt, d’Resultater, déi duerch d’Aféierung vu BSPK-Léisungen a -Prozesser erreecht ginn, erlaben et dann, d’Organisatioun an de Management ze verbesseren, d’Strategie nohalteg ze beschleunegen, d’Equippe ronderëm d’Objektiver an d’Projeten zesummenzebréngen an eng gemeinsam Visioun mat engem professionelle Bewosstsinn ze deelen.

 

  • Analyséieren: E Kontext, eng Betribskultur, e Management-Stil, Prozesser, Ziler, Leeschtungsindicateuren asw. 

  • Verdeelen: Eng kollektiv Informatioun, Outilen, d’Problematik erklären, ureegen an dynamiséieren, déi bewäert Verfahre valoriséieren.

  •  Begleeden: Aarbechtsgruppen dirigéieren an animéieren, de Suivi vun den Aktiounspläng maachen an Entscheedungen huelen.

 

D’BSPK-Léisung erlaabt et, d’Potenzial fir Fortschrëtter ze identifizéieren, fir d’Effikassitéit ze erhéijen, mam Zil, siichtbar, moossbar a quantifizéierbar Effekter duerch d’Ännerungen ze erreechen. D’Interaktiounen tëschent deene verschiddene Ressourcë vun der Entreprise ze verstäerken, fir der Leeschtung erëm méi Sënn ze ginn.

  

Kommunizéieren | Diagnostizéieren | Analyséieren | Beroden | Dynamiséieren | Begleeden | Matmaachen | Iwwermëttelen

​

bottom of page